Skip to main content

SPIRIT OF FIRE

SPIRIT OF FIRE

Spirit of Fire ass sou schéin wéi eis Liewen a mécht sou villes méiglech:
Familljen-Zäit, Laachen an Liewen, den Alldag vergiessen, d’Wäermt op der Haut spieren, Feier nokucken, Rou fannen, liichtend Atmosphär erliewen, den Gedanken freie Laf loossen, Momenter genéissen, Freed erliewen, dem Flamespill nokucken, Frënn alueden, Sécherheet erliewen, Gesellegkeet fannen, Feier-Erliefnis spieren, Gléck empfannen, pure Feiergenoss, gutt Gespréicher féieren, Gemittlechkeet. Erlieft den “Spirit of Fire” mat engem Probefeier an eisem Showroom. Besicht eis, mir freeën eis Iech kennenzeléieren! .

Erlieft den Spirit of Fire mat engem Probefeier an eisem Showroom. .
Besicht eis, mir freeën eis Iech kennenzeléieren!
Eis Partner: Spartherm, Olsberg, Attika, Animo, Firetube, Tiba, Hago, Tiba, Lohberger, La Nordica, Wamsler, Bartz,Olsberg, Ebios Fire, Faber, Kal-Fire, Dru, Brunner, Leda, Camina/Schmid, Ofyr, Luxius, Attika, Hofäts, Invicta, happy cocooning uvm.

Patrick Krein

Zertifizierter Passivhaus Handwerker

Techniker mit Schwerpunkt im Bereich offene Kamine, Kaminanlagen, Heizkassetten, Pellet- und Kaminöfen
Tel: 748245-34

Claudia Stappenbacher

Zertifizierter Passivhaus Handwerker
Planung und Verkauf
- Kamine
Tel : 748245-26

Seit 40 Jahren sorgen wir für Ihr Wohlbefinden.

ENERGIEBERODUNG

Kamäiner an Uewen an Niddregenergie- an Passivhaiser? Awer sécher!

Matt der Zähmung vum Feier huet d’Kulturgeschicht vun der Mënschheet ugefaange. Säit dausenden vun Joren ass Feier een Synonym vun Wäermt, Gesellegkeet an Comfort. Keen Miwwel- oder Arrichtungsdeel beaflosst den Charakter an d’Stëmmung vun engem Raum esou staark wei een Kamäin oder een Uewen. Beim Bau vun engem Niddregenergie- oder Passivhaus muss een net op dësen Luxus verzichten.
Iwwert den Abau vun Kamäiner oder Uewen an Niddregenergie- an Passivhaiser ginn vill Gerüchter an souguer Falschinformatiounen verbreet an dat obschonns Fuerschungsinstituter aus Éisträich an der Schwäiz bewisen hunn, datt zouen Feierstellen déi korrekt agebaut goufen, ouni Problemer an engem heischgedämmten Haus bedriwwen kennen ginn.
Viruerteel 1 : Een Niddregenergie- oder Passivhaus iwwerhëtzt wann een Uewen oder een Kamäin bedriwwen ginn? Falsch!
Mat der Schafung vun Speichermassen innerhalb héischgedämmten Gebaier, déi idealerweis als aktivéiert Mass fir d’Temperéirung vum Haus zoustänneg ass, ass et duerchaus méiglech, d’Leeschtung vun engem kompakten Uewen och an engem Passivhaus sënnvoll anzesetzen. Bei aktivéierter Buedemplatt an klasseschen Heizestrich am Uewergeschoss, verfüügt een normal grousst Eefamilljenhaus weit iwwer 40 Tonnen Mass, déi Wäermt ophuelen an tëschespäicheren kann, ier et am Haus ze waarm gëtt.
Viruerteel 2 : Een Uewen oder Kamäin bréngt an engem Niddregenergie- oder Passivhaus keng finanziell Erspuernisser? Falsch!
Duerch d’Heizënnerstëtzung vum Uewen oder vum Kamäin kann spierbar vill Stroum fir d’Wärmepompel agespuert ginn. Dat gläicht gëllt natierlech och bei extremer Keelt an Stroumausfäll.
Virurteel 3 : Een Uewen oder Kamäin an engem Loftdichten Niddregenergie- oder Passivhaus zéit Loft aus den Reim? Falsch!
Niddregenergie- an Passivhaiser déi zur Vermeidung vun Energieverloschter an zur Senkung vum Heizenergiebedarf sinn, sinn op eng gutt Loftdichtheet ugewisen. Een Kamäinfeier braucht Sauerstoff fir ze Brennen an hellt sech deen aus der Raumloft. Ass den Nachschub vun Frëschloft opgrond vun der Loftdichtheet vum Gebai net méiglech kann dat zum Problem ginn. Hei ass eng separat, vun baussen kommend Loftzoufuhr fir den Uewen erfuerderlech. Hiersteller vun héichwäertegen Uewen bidden des technesch Viraussetzung géint Oppräis souguer un. Et schwätzt een vun Raumloftonofhängegen Kamäinuewen, déi duerch hier extern Loftzoufuhr d’Belëftung vum Wunnraum net beaflossen! Hei spillt déi fachmännesch Berodung an den Abau déi gréisst Roll, fir esou Problemer ze vermeiden.
Awer sécher nëmmen vum Fachmann? Dem gemittlechen Wanterowend virum Kamäin doheem steet also näischt méi am Wee. Well eng fachgerecht Verbauung besonnesch an engem héich isoléierten Gebai den A an O ass, sollt Dir Iech just in een ausgewisenen Fachmann wenden, deen Iech den richtegen Produit ubidden kann an iwwert dat néidegt technescht Wëssen an dat handwierklecht Know-how verfüügt.

Wärmt, Esthetik an Design, alles mat der richteger Energie-Beroodung.
Bei eis fann dir déi richteg Solutioun.