Skip to main content

SCROLL EROF FIR MÉI ZE GESINN!

GASKAMÄINER

Eis Gaskamäiner bidden héchsten Komfort an imitéieren een Holzfeier op wonnerbar Aart a Weis. Propan- an Erdgasfeier mat innovative Brennertechnologie, LED-Glutbett an Fonken-fléien ginn et mat enger Front-, Eck-, Tunnel- an dräisäiteg Feiersiicht.
De Brennraum ass wahlweis mat wäissem oder groen Steng, schwaarzem Cryptonite, Glas oder Holzkeramik gefëllt. Eng Telecommande fänkt d'Feier séier a bequem un a dëse loossen sech schnell an ökologesch op verschiddene Niveau’en reegelen. D'Sauerstoffversuergung an d'Ofgas-Entsuergung gëtt normalerweis iwwer e konzentresch Ofgas-System geleet an ass speziell fir kleng a passiv Haiser geduecht.
Äre Projet gëtt individuell geplangt op dem Computer via 3D-CAD. Een Foto-realistesche Androck vun ärem perséinleche Feier-Dram ass well laang virun der Realisatioun méiglech.
Erlieft an eisem Showroom Gaskamäiner mat Multimedia-Technik déi an Wunnmaueren agebaut sinn.

Mir freeën eis Iech an är feireg Iddi kennen ze léieren.
Partner: Kal-Fire, Dru
Katalogen: Gaskamäiner

Patrick Krein

Zertifiéierten Passivhaus Handwierker
 Techniker mat Schwéierpunkt am Beräich oppen Kamäiner, Kamäinanlagen, Heizkassetten, Pellet- an Kamäiniewen.

Tel: 748245-34

Claudia Stappenbacher

Zertifiéiert Passivhaus Handwierkerin Planung an Verkaf vun Kamäiner
Tel : 748245-26

Wärmt, Esthetik an Design, alles mat der richteger Energie-Beroodung.
Bei eis fann dir déi richteg Solutioun.