Spirit of fire LU

SPIRIT OF FIRE

SPIRIT OF FIRE

Spirit of Fire ass sou schéin wéi eis Liewen a mécht sou villes méiglech: Familljen-Zäit, Laachen an Liewen, den Alldag vergiessen, d’Wäermt op der Haut spieren, Feier nokucken, Rou fannen, liichtend Atmosphär erliewen, den Gedanken freie Laf loossen, Momenter genéissen, Freed erliewen, dem Flamespill nokucken, Frënn alueden, Sécherheet erliewen, Gesellegkeet fannen, Feier-Erliefnis spieren, Gléck empfannen, pure Feiergenoss, gutt Gespréicher féieren, Gemittlechkeet. Erlieft den “Spirit of Fire” mat engem Probefeier an eisem Showroom. Besicht eis, mir freeën eis Iech kennenzeléieren! . Erlieft den Spirit of Fire mat engem Probefeier an eisem Showroom. . Besicht eis, mir freeën eis Iech kennenzeléieren!

Eis Partner: Spartherm, Olsberg, Attika, Animo, Firetube, Tiba, Hago, Tiba, Lohberger, La Nordica, Wamsler, Bartz,Olsberg, Ebios Fire, Faber, Kal-Fire, Dru, Brunner, Leda, Camina/Schmid, Ofyr, Luxius, Attika, Hofäts, Invicta, happy cocooning uvm.

Tel: 748245-34

Tel : 748245-26

Seit 40 Jahren sorgen wir für Ihr Wohlbefinden.

Eis Holzkamäiner bauen mir fir Iech traditionell als Grond-, Warmloft- oder Kombi- Uewen an als Kachel- oder Heizkamäin.

Eis Gaskamäiner bidden héchsten Komfort an imitéieren een Holzfeier op wonnerbar Aart a Weis. Propan- an Erdgasfeier mat innovative Brennertechnologie, LED-Glutbett an Fonken-fléien ginn et mat enger Front-, Eck-, Tunnel- an dräisäiteg Feiersiicht.

 Eis Kamäiniewen sinn fräi-stehend. Den Kamäin-Kierper gëtt normalerweis aus Stol oder Goss produzéiert a bitt och vill Méiglechkeeten fir Verkleedung mat héichqualitativen Materialien.

Eis Pelletiewen sinn wei modern Heizkierper just mat purem Feiergenoss. Einfach an komfortabel an der Utilisatioun, mat grousser Feiersiicht an engem Pellettank deen d’Feier iwwer Stonnen brennen léisst.

Eis Kachiewen sinn haut wei fréier “Alleskönner”. Verschafft mat haltbare Materialien bidden se net nëmmen een Feier-Erliefnis mee erméiglechen kachen, baken an broden.

Eis Bioethanol Feier bidden sech un fir all déi di keng Méiglechkeet hunn een Kamäin ze hunn oder einfach een schéint an onkomplizéiert Feierobjekt wënschen.

Eis Elektrofeier sinn authentesch an wierken echt. Modernst Liicht- an Waasserdamp- technik am Eletrofeier bréngen den Méiwäert am Miwwelstéck an am oppenen Kamäin.

Eis Barbecues fir den Holz- oder Gasbetrieb maachen aus all Grillparty zu engem Highlight. Dank der Auswiel u Materialien, déi elegant Veraarbechtung an déi vill Astell-méiglechkeeten loosen Sie d’Häerzer vun Gourmet-Frënn méi héich schloen.

Eis Gaardefeier mat Holz an Propangas bréngen Atmosphäre, gutt Stëmmung an Gemittlechkeet an all Gaart. Soumat ginn Summernuechten méi laang an kal Deeg méi waarm.

ENERGIEBERODUNG

Kamäiner an Uewen an Niddregenergie- an Passivhaiser? Awer sécher! Matt der Zähmung vum Feier huet d’Kulturgeschicht vun der Mënschheet ugefaange. Säit dausenden vun Joren ass Feier een Synonym vun Wäermt, Gesellegkeet an Comfort. Keen Miwwel- oder Arrichtungsdeel beaflosst den Charakter an d’Stëmmung vun engem Raum esou staark wei een Kamäin oder een Uewen. Beim Bau vun engem Niddregenergie- oder Passivhaus muss een net op dësen Luxus verzichten. Iwwert den Abau vun Kamäiner oder Uewen an Niddregenergie- an Passivhaiser ginn vill Gerüchter an souguer Falschinformatiounen verbreet an dat obschonns Fuerschungsinstituter aus Éisträich an der Schwäiz bewisen hunn, datt zouen Feierstellen déi korrekt agebaut goufen, ouni Problemer an engem heischgedämmten Haus bedriwwen kennen ginn.

Mat der Schafung vun Speichermassen innerhalb héischgedämmten Gebaier, déi idealerweis als aktivéiert Mass fir d’Temperéirung vum Haus zoustänneg ass, ass et duerchaus méiglech, d’Leeschtung vun engem kompakten Uewen och an engem Passivhaus sënnvoll anzesetzen. Bei aktivéierter Buedemplatt an klasseschen Heizestrich am Uewergeschoss, verfüügt een normal grousst Eefamilljenhaus weit iwwer 40 Tonnen Mass, déi Wäermt ophuelen an tëschespäicheren kann, ier et am Haus ze waarm gëtt.

Duerch d’Heizënnerstëtzung vum Uewen oder vum Kamäin kann spierbar vill Stroum fir d’Wärmepompel agespuert ginn. Dat gläicht gëllt natierlech och bei extremer Keelt an Stroumausfäll.

Niddregenergie- an Passivhaiser déi zur Vermeidung vun Energieverloschter an zur Senkung vum Heizenergiebedarf sinn, sinn op eng gutt Loftdichtheet ugewisen. Een Kamäinfeier braucht Sauerstoff fir ze Brennen an hellt sech deen aus der Raumloft. Ass den Nachschub vun Frëschloft opgrond vun der Loftdichtheet vum Gebai net méiglech kann dat zum Problem ginn. Hei ass eng separat, vun baussen kommend Loftzoufuhr fir den Uewen erfuerderlech. Hiersteller vun héichwäertegen Uewen bidden des technesch Viraussetzung géint Oppräis souguer un. Et schwätzt een vun Raumloftonofhängegen Kamäinuewen, déi duerch hier extern Loftzoufuhr d’Belëftung vum Wunnraum net beaflossen! Hei spillt déi fachmännesch Berodung an den Abau déi gréisst Roll, fir esou Problemer ze vermeiden. Awer sécher nëmmen vum Fachmann? Dem gemittlechen Wanterowend virum Kamäin doheem steet also näischt méi am Wee. Well eng fachgerecht Verbauung besonnesch an engem héich isoléierten Gebai den A an O ass, sollt Dir Iech just in een ausgewisenen Fachmann wenden, deen Iech den richtegen Produit ubidden kann an iwwert dat néidegt technescht Wëssen an dat handwierklecht Know-how verfüügt.

Wärmt, Esthetik an Design, alles mat der richteger Energie-Beroodung. Bei eis fann dir déi richteg Solutioun.

GALERIE

EIS ANER SERVICER

Mir kontrolléieren an botzen Kamäiner,Schaarschtecher, Heizungsanlagen an villes méi.

Egal op industriell oder privat. Bei eis fannt dir garanteiert deen richtegen Kamäin.

Mir botzen an dekontamineiren äer Lüftungsanlag mat modernster Technik.

Z.I. Fausermillen Route de Manternach L-6689 Mertert

Continue reading

Servicer

SERVICER

Spirit of Fire ass sou schéin wéi eis Liewen a mécht sou villes méiglech: Familljen-Zäit, Laachen an Liewen, den Alldag vergiessen, d’Wäermt op der Haut spieren, Feier nokucken, Rou fannen, liichtend Atmosphär erliewen,

Mir kontrolléieren an botzen Kamäiner, Schaarschtecher, Heizungsanlagen an villes méi.

Egal op industriell oder privat. Bei eis fannt dir garanteiert deen richtegen Kamäin.

Mir botzen an dekontamineiren äer Lüftungsanlag mat modernster Technik.

Den Kamäin unmaachen. D'Liewen genéissen!

Ären Kamäin muss gebotzt ginn? Dann frot elo een Rendez-vous un.

Z.I. Fausermillen Route de Manternach L-6689 Mertert

8-10 Rue de la Gare L-9122 Schieren

Continue reading

SEO S

Scroll erof fir méi ze gesinn!

Den SEO S besetzt een dréibaren Brennraum deen et engem erlaabt den Kamäin aus all Positioun am Bléck ze behalen. Mam SEO S stiecht Dir garantéiert aus der Mass eraus.

Den SEO S huet eng Kontrollluucht ënnert dem Feierraum, déi liicht soubal den Uewen an Betrib ass an fänkt un lues ze blénken wann Holz nogeluecht soll ginn.
Déi eigentlech Steierung erfollegt iwwert eng App per Smartphone oder Tablet. Déi App gouf speziell fir déi nei Kamäinuewen-Linn entwéckelt an léisst sech iwwert eng einfacht Menuféierung intuitiv steieren.

SEO S

Beim SEO S handelt et sech em een schéinen an schlichten Kamäinuewen. Den ierweschten Deel vum Kamäin leisst sech dreien sou datt een aus all Richtung d'Feier am Bléck huet. Des weideren huet den SEO S eng elektronesch Oofbrandsteierung déi fir een perfekten Wirkungsgrad suergt.

SEO S - Perfekt fir jiddereen den d'Feier
gären aus all Richtung am Bléck behält.

Accessoires

TOWER-4 DAX

Premium Family
22 x 22 x 60 cm
Premium Tools 57 cm
BlowPoker, Biicht, Schëpp an Dax aus Edelstool. Greffer aus Edelstool oder Holz Gestell aus Edelstahl, polverbeschicht schwaarz-metallic oder groo-metallic

STARTER-KIT

Den Starterskit beinhalt folgend Produiten : Eng Packung Kamäinanzünder, een Kamäinkuerf aus Filz, flott Kamäinbesteck & eng Fläsch Scheiwenbotzmëttel.

SEO S - Eng Kombinatioun aus
zäitlosem Design an moderner Technik.

SEO S

Den elektroneschen Assistent liwwert Informatiounen zur Leeschtung, zum Betribszoustand, zur Raum- an Uewentemperatur. An dat net nëmmen op Däitsch, mee och op 8 weideren Sproochen. Dir kënnt tëschen 3 verschiddenen Leeschtungsstufen wielen an den System suergt permanent fir déi optimal Loftzoufuhr an Temperatur. All dat bedeit : Ëmweltbewosst an wirtschaftlecht Hetzen mat nëmmen engem Fangerwësch. An dat ganzt entspaant vum Canapé aus.

TECHNESCH DONNÉEËN

Auf Anfrage

Auf Anfrage

Auf Anfrage

890 mm

444 mm

1393 mm

444 mm

352 mmm

150 mm

Klappbar

240 kg

Auf Anfrage

Z.I. Fausermillen
Route de Manternach
L-6689 Mertert

Continue reading

Iwwert eis

IWWERT EIS

Martin Antony

Patron vun Emil Antony S.à r.l.

Feier ass Liewen, Hëtzt an Atmosphäre.
Een Knisteren am Kamain an ärt doheem ass vun enger besonnescher Atmosphär emhüllt.
Eis Equipe suergt fir dee beschte Service an déi ideal Beroodung.
Froot Iech een Rendez-vous mat eise Spezialisten an mir wärten alles Emsetzen fir dass dir och de "Spirit of Fire" bei Iech doheem kënnt geneissen.

Patrick Krein

Zertifiéierten Passivhaus Handwierker

Techniker mat Schwéierpunkt am Beräich oppen Kamäiner, Kamäinanlagen, Heizkassetten, Pellet- an Kamäiniewen.

Tel: 748245-34
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Daniela Devick

Sekretärin am Beräich Comptabilitéit an Clientbetreiung


Tel : 748245-21
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Claudia Stappenbacher

Zertifiéiert Passivhaus Handwierkerin
Planung an Verkaf vun Kamäiner

Tel : 748245-26
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Joanita Vink

Receptionistin mat Schwéierpunkt
Rendez-vous-Management Schaarschtech-Botzen.

Tel : 748245-20
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Markus Bürger

Techniker mat Schwéierpunkt am Beräich Schaarschtech- an Ofgasanlagen, Gebai- an Energieberoder, Brandschutzvertrieder


Tel : 748245-31
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Frank Lenard

Techniker mat Schwéierpunkt am Beräich Schaarschtech- an Ofgasanlagen souwéi Industrieschaarschtecher.

Tel : 748245-23
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Tim Reichenbach

Magasinier



Tel : 748245-27
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

EIS GESCHICHT

D’Firma Emil-Antony gouf 1977 gegrënnt. D’Haaptaktivitéit louch deemools wei haut beim Schaarschtech-Botzen an -Sanéierung souwéi beim Uewen- an Kamäin. Aus engem Ee mann-Betrib ass schnell een klenge Familljebetrib ginn.

Mëttlerweil sinn mir déi gréisst an modernst Schaarschtechbotz- an KamäinBau-Firma aus Lëtzebuerg an zielen zu den bekanntsten Betriber aus dem Land. Iwwer 30 Employéen suergen dofir dass zu Lëtzebuerg den Kamäin dämpt. Zenter 2007 ass de Martin Antony un der Leedung vum Betrib. Mir bleiwen deemno een richtege Familljebetrib.

Qualitéit, Service an ee faire Preis/Leeschtungs-Verhältnis sinn d’Valeuren déi fir eis zielen. Dësen Uspréch sinn mir ëmmer trei bliwwen an sinn och net zulescht dowéinst an deene läscht Joren erfollegräich gewiergt.

VIDEOEN

Eng Familjegeschicht

Interview mam Emil an mam Martin Antony

40 JOER EMIL ANTONY

Een Ableck hannert den Coulissen vum greissten Kameinbauer aus Lëtzebuerg

EIS CLIENT'EN IWWERT EIS

Fannt eraus waat sie iwwert eis soen.

40 JOER EMIL ANTONY - AFTERMOVIE

Erlieft d'Feier nach eng kéier oder kuckt wat Dir verpasst hutt!

EMIL ANTONY - Spirit of Fire

Kuckt Iech d'Meenungen vun eise Client'en un!

Making Of

Werf ee Bléck ob eis Arbescht

MAKING OF

Kommt mat bei eis op den Chantier

Den Kamäin umaachen.
D'Liewen genéissen!

DE KAMÄIN BOTZEN LOOSSEN

Ären Kamäin muss gebotzt ginn? Dann frot elo een Rendez-vous un.

RENDEZ-VOUS UFROEN

40 Joer fir Iech do

40 JOER EMIL ANTONY

Wéi d'Firma Emil Antony 1977 gegrënnt ginn ass waren d'Aussiichten net direkt ganz roseg. Eleng, als Een-Mann Betrib war et net einfach an et konnt een nëmmen hoffen op eng besser Zukunft.

An der Tëschenzäit ass déi kleng Firma gewuess an et ass elo een bekannte Betrib zu Lëtzebuerg.

Am September 2017 huet d'Firma Emil-Antony seng 40 Joer zu Mäertert am Parc gefeiert.

40 JOER EMIL ANTONY - PHOTOEN KUCKEN

  • EMIL ANTONY

    Z.I. Fausermillen
    Route de Manternach
    L-6689 Mertert

    49.7176,6.47549

  • Emil Antony @ Home Center Willy Putz

    8-10 Rue de la Gare
    L-9122 Schieren

    49.8267,6.095

Continue reading

Ipala Compact

Scroll erof fir méi ze gesinn!

Den belëften Diergrëff garantéiert komfortabelt an virun allem séchert Noleeën vun Holz.

Duerch d'Bannenbelëftung, bléift eisen Diergrëff weitestgehend kal an kann an der Reegel ouni deen üblechen Händchen ugepaakt ginn.

System-Virdeeler : Zousätzlech Verbrennungsloftzoufuhr duerch den verstellbaren Rascht, Reegelung vun der Verbrennungsloft wahlweis mat elektronescher Steierung (ofhängeg vum Gerät), Einfachen Uschluss vun der Verbrennungsloftleitung (optional hannen oder ennen)

Resultat : Beschleunegt UnheizphaseHéijen Wirkungsgrad, Geréng Emissiounen, Propper Siichtscheif, Extra komfortabel duerch Einhebelbedienung (ofhängeg vum Gerät)

System-Virdeeler: Héich Verbrennungstemperatur, Optimal Mëschung vun Verbrennungsloft an Heizgasen, Extrem laang Verweildauer an der Brennzone Resultat: Héijen Wirkungsgrad, Geréng Emissiounen, Propper an ëmweltverdréiglech

Meenungen kënnen och nach vun eneen ofwäichen wann een sech schonn fir een Modell vun Kamäin entscheet huet. Aus deem Grond gouf een Baukastensystem entwéckelt bei deem een den Kamäin no individuellen Wënsch gestalten kann.

IPALA COMPACT

Meenungen iwwer den idealen Uewen sinn verschidden. An dat ass och gutt esou. Wiem eleganten an klasseschen Design gefält, deen wäert um IPALA mat Sécherheet seng Freet hunn. Den Stol harmonéiert wonnerbar mat der schwaarzer Uewerflächenoptik. Dat ganzt ganz wierkt duerch d' "Iwwer-Eck-Verglasung" nach méi attraktiv an zäitgeméiss. Wéinst der propperer Verbrennungstechnik ass den Uewen ëmweltfrëndlech wei och spuersam am Verbrauch.

IPALA COMPACT
Individuell gestaltbar

Accessoires

TOWER-4 DAX

Premium Family
22 x 22 x 60 cm
Premium Tools 57 cm
BlowPoker, Biicht, Schëpp an Dax aus Edelstool. Greffer aus Edelstool oder Holz Gestell aus Edelstahl, polverbeschicht schwaarz-metallic oder groo-metallic

STARTER-KIT

Den Starterskit beinhalt folgend Produiten : Eng Packung Kamäinanzünder, een Kamäinkuerf aus Filz, flott Kamäinbesteck & eng Fläsch Scheiwenbotzmëttel.

Elegant, zäitgeméiss, ëmweltfrëndlech
wei och spuersam am Verbrauch

IPALA COMPACT

Den Ipala Compact suergt dofir datt een sech, an deem Zemmer wou en steet, richteg wuel fillt. Déi patentéiert Verbrennungstechnik mécht een héijen Wirkungsgrad méiglech. Duerch den Baukastenprinzip huet een verschidden Opstellvarianten. Optional kennt Dir den Kamäinuewen mat engem Speicheropsaatz oder engem Holzregal erweideren. Den Ipala Compact kann ganz no Ären Wënsch zesummegestallt ginn.

TECHNESCH DONNÉEËN

A

5,5 kW

0 kW

106,4

80,3

N.A.

Z.I. Fausermillen
Route de Manternach
L-6689 Mertert

Continue reading

KONTAKTEIERT EIS

Froot äre Spezialist em Rot!

+352 74 82 45

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

EMIL ANTONY

Z.I. Fausermillen
Route de Manternach
L-6689 Mertert
 

 


Meindes - Freides
08:00-12:00 / 13:00-17:00
Samsdes: 10:00-16:00
1ten Samsdes/Mount - Showroom
2ten-4ten Samsdes/Mount - exklusiv Beroodung

SECOND SHOWROOM

@ Home-Center Willy Putz
8-10 Rue de la Gare
L-9122 Schieren
 

 


Mëttwoch - Freides
10:00-18:00
Samsdes: 10:00-17:00
1ten-2ten Samsdes/Mount - exklusiv Beroodung

+352 74 82 45

Méindes - Freides :
08:00-12:00 / 13:00-17:00
Samschdes : 10:00-16:00

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

KONTAKTEIERT EIS

Froot äre Spezialist em Root!

EMIL ANTONY

Z.I. Fausermillen
Route de Manternach
L-6689 Manternach

Barbecues

Kamäiner

Gas Kamäiner

Scandinavian stoves

Bioethanol

Schornsteintechnik

Schornsteine

Lüftungssysteme

© EMIL ANTONY

Design by Molotov Design