SPIRIT OF FIRE

SPIRIT OF FIRE

Feier ass Liewen, Hëtzt an Atmosphäre. Een flotten Kamäin suergt fir Entspanung.
Klassesch oder modern, Kamäiner mat oppenem Feier oder Kacheliewen bréngen d’Gemittlechkeet mat sech!

Patrick Krein

Zertifiéierten Passivhaus Handwierker

Techniker mat Schwéierpunkt am Beräich oppen Kamäiner, Kamäinanlagen, Heizkassetten, Pellet- an Kamäiniewen.
Tel: 748245-34

Claudia Stappenbacher

Zertifiéiert Passivhaus Handwierkerin
Planung an Verkaf vun Kamäiner


Tel : 748245-26

Zenter 40 Joer suergen mir fir äert Wuelbefannen.

KAMÄINER

D’Liichten vum oppenen Feier

Kamäiner am “Western”-Stil verkierperen d’Beherrschung vum Feier duerch den Mënsch. An d’Faszinatioun wierkt. Den Bléck wandert ouni Paus vun enger Flam zur anerer. D’Bild gläicht der Flam vun den Pionéier vun deemools. D’Atmosphäre ass wiermend eemoleg.

Feint Steingut

Iwwerrascht Är Gäscht dach mol mat Kachelen an Ärem Doheem. Ob verglaast, rustikal oder modern, Kacheliewen bréngen duebelt Wäermt an Äert Doheem. Zëmmertemperatur an déi passend Stëmmung verwandelen Äert Doheem an een angenehmen Kokon.

Gastechnik

Leit déi minimalisteschen Design an geréng Wartungen gär hunn wäerten hiert Gléck bei den Gaskamäiner fannen. Gleichmässesch an berouegend verbreeden sech d’Flamen op hirem Stengbett. Mat enger Handbeweegung kennt Dir per Fernsteierung d'Intensitéit no Wonsch änneren.

GASKAMÄINER

Gaskamäiner stellen eng echt Alternativ zum traditionellen Holzfeier duer. Heibäi genéisst een een nozou realistescht Feier ganz einfach an bequem per Fernbedienung. Gaskamäiner kennen mat mat hirem speziellen Ofgassystem an bal all Situatioun opgestallt ginn.

Verschidden Designs, Gréissten an Formensproochen loossen keng Wënsch onerfëllt an bidden vill verschidden an individuell Gestaltungsméiglechkeeten.

KAMÄINIEWEN

Als Alternativ zum üblechen sinn des Iewen hautdesdaags ganz beléift an weisen een nei Wunn- an Liewensstil.

BIOETHANOL

Genéisst Äert perséinlecht Feiererliefnes bei Iech Doheem och ouni Schaarschtechuschloss. Mir bidden Iech vill interessant Méiglechkeeten sou datt Dir net op Äert Feiererliefnes verzichten musst.

Dir hutt dobäi d’Wiel tëschent individueller Gestaltung an exklusiven fäerdegen Designs. Mir beroden Iech gären.

BARBECUE

Leet och Dir Iech gären een Barbecue-Grill fir Ären Gaart zou? Eist Team steet Iech gären fir eng Berodung oder bei Froen zur Verfügung.

ENERGIEBERODUNG

Kamäiner an Uewen an Niddregenergie- an Passivhaiser? Awer sécher!

Matt der Zähmung vum Feier huet d’Kulturgeschicht vun der Mënschheet ugefaange. Säit dausenden vun Joren ass Feier een Synonym vun Wäermt, Gesellegkeet an Comfort. Keen Miwwel- oder Arrichtungsdeel beaflosst den Charakter an d’Stëmmung vun engem Raum esou staark wei een Kamäin oder een Uewen. Beim Bau vun engem Niddregenergie- oder Passivhaus muss een net op dësen Luxus verzichten.
Iwwert den Abau vun Kamäiner oder Uewen an Niddregenergie- an Passivhaiser ginn vill Gerüchter an souguer Falschinformatiounen verbreet an dat obschonns Fuerschungsinstituter aus Éisträich an der Schwäiz bewisen hunn, datt zouen Feierstellen déi korrekt agebaut goufen, ouni Problemer an engem heischgedämmten Haus bedriwwen kennen ginn.
Viruerteel 1 : Een Niddregenergie- oder Passivhaus iwwerhëtzt wann een Uewen oder een Kamäin bedriwwen ginn? Falsch!
Mat der Schafung vun Speichermassen innerhalb héischgedämmten Gebaier, déi idealerweis als aktivéiert Mass fir d’Temperéirung vum Haus zoustänneg ass, ass et duerchaus méiglech, d’Leeschtung vun engem kompakten Uewen och an engem Passivhaus sënnvoll anzesetzen. Bei aktivéierter Buedemplatt an klasseschen Heizestrich am Uewergeschoss, verfüügt een normal grousst Eefamilljenhaus weit iwwer 40 Tonnen Mass, déi Wäermt ophuelen an tëschespäicheren kann, ier et am Haus ze waarm gëtt.
Viruerteel 2 : Een Uewen oder Kamäin bréngt an engem Niddregenergie- oder Passivhaus keng finanziell Erspuernisser? Falsch!
Duerch d’Heizënnerstëtzung vum Uewen oder vum Kamäin kann spierbar vill Stroum fir d’Wärmepompel agespuert ginn. Dat gläicht gëllt natierlech och bei extremer Keelt an Stroumausfäll.
Virurteel 3 : Een Uewen oder Kamäin an engem Loftdichten Niddregenergie- oder Passivhaus zéit Loft aus den Reim? Falsch!
Niddregenergie- an Passivhaiser déi zur Vermeidung vun Energieverloschter an zur Senkung vum Heizenergiebedarf sinn, sinn op eng gutt Loftdichtheet ugewisen. Een Kamäinfeier braucht Sauerstoff fir ze Brennen an hellt sech deen aus der Raumloft. Ass den Nachschub vun Frëschloft opgrond vun der Loftdichtheet vum Gebai net méiglech kann dat zum Problem ginn. Hei ass eng separat, vun baussen kommend Loftzoufuhr fir den Uewen erfuerderlech. Hiersteller vun héichwäertegen Uewen bidden des technesch Viraussetzung géint Oppräis souguer un. Et schwätzt een vun Raumloftonofhängegen Kamäinuewen, déi duerch hier extern Loftzoufuhr d’Belëftung vum Wunnraum net beaflossen! Hei spillt déi fachmännesch Berodung an den Abau déi gréisst Roll, fir esou Problemer ze vermeiden.
Awer sécher nëmmen vum Fachmann? Dem gemittlechen Wanterowend virum Kamäin doheem steet also näischt méi am Wee. Well eng fachgerecht Verbauung besonnesch an engem héich isoléierten Gebai den A an O ass, sollt Dir Iech just in een ausgewisenen Fachmann wenden, deen Iech den richtegen Produit ubidden kann an iwwert dat néidegt technescht Wëssen an dat handwierklecht Know-how verfüügt.

Wärmt, Esthetik an Design, alles mat der richteger Energie-Beroodung.
Bei eis fann dir déi richteg Solutioun.

CONTACTEZ-NOUS

Demandez conseil à votre spécialiste!

+352 74 82 45

Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

EMIL ANTONY

Z.I. Fausermillen
Route de Manternach
L-6689 Mertert


Lundi - Vendredi
08:00-12:00 / 13:00-17:00
Samedi: 10:00-16:00
1er Samedi/mois - Showroom
2ème-4ème Samedi/mois -conseils excusifs

SECOND SHOWROOM

@ Home-Center Willy Putz
8-10 Rue de la Gare
L-9122 Schieren


Mercredi - Vendredi
10:00-18:00
Samedi: 10:00-17:00
1er-2ème Samedi/Mois - conseils exclusifs

+352 74 82 45

Méindes - Freides :
08:00-12:00 / 13:00-17:00
Samschdes : 10:00-16:00

Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

KONTAKTEIERT EIS

Froot äre Spezialist em Root!

EMIL ANTONY

Z.I. Fausermillen
Route de Manternach
L-6689 Manternach

Barbecues

Kamäiner

Gas Kamäiner

Scandinavian stoves

Bioethanol

Schornsteintechnik

Schornsteine

Lüftungssysteme

©2019 EMIL ANTONY
Design by Molotov Design